Kontakt Form
Mir bedaueren Iech matzedeelen dass mir am Moment keng nei „Contrat de rachat“ fir Produktioun akzeptéiere kënnen*.
Eist Zil ass d'Energie vun de Produzenten ofzekafen a se un eis Clienten ze liwweren. Mir hunn awer de Moment ze vill Energie a si forcéiert déi um Energiemaart weider ze verkafen.
Fir dass mir eist Ziel verfolgen kënnen, de Verbrauch vun eise Clienten duerch den Akaf vum Stroum vun eise Produzenten ofzedecken, huele mir keng néi Contrat de rachat méi un.
Wann Dir interesséiert sidd, dass Energy Revolt Iech d'Energie an Zukunft ofkeeft, bidde mir Iech d'Méiglechkeet un Iech op eng Waardelëscht. ze setzen. Fir dat ze maachen, schéckt eis w.e.g. eng E-Mail op info@energyrevolt.lu mat Äre Kontaktdonnéeën, den Typ vum Kontrakt an d'Leeschtung vun Ärer Photovoltaikanlag (kWp).
Soubal den Equiliber tëscht dem Verbrauch an der Produktioun erëmfonnt ass, wäerte mir nei Kontrakter ofschléissen kënnen an deementspriechend Persounen déi op der Waardelëscht stinn direkt kontaktéieren.
Mir soen Iech Merci fir Äert Verständnis.
*Produzenten déi schonn e Kontrakt fir d'Versuergung vun hirem Haaptverbrauch mat eis ofgeschloss hunn éier dëst Informatioun puplicéiert ginn ass, kënne weiderhin e contrat de rachat mat eis ofschléissen.